
D’Gesellschaft ‘4 Ladies’ Style’ as den 22 Oktober 2018 vum Stefania-Nectara Popescu a vum Oana Maria Thiebaux gegrënd gin.
‘4 Ladies’Style’, daat as d’Réalisatioun vun engem Kandheetsdraam vum Stefania : d’Leidenschaft fir d’Moud an d’Welt vun der Couture as beim d’Stefania wéi e Blëtz ageschloen, schon als Kand an als Studentin, wou hatt seng Freizeit domatt verbruecht huet, Kleeder ze entwerfen an ze realiséieren.
Hatt huet Stylist-Studien op der Uni Gheorghe Asachi de Iasi a Rumänien gemaach an do den Ingénieurs-Diplom am Textilbereich kritt, waat engem Styliste-Diplom zu Lëtzebuerg gleich kënt.
Nodeems d’Stefania 25 Joer fir grouss Luxus-Marken a Rumänien (Max Mara, Lady Lux) en e puer Joer zu Lëtzebuerg an Retouche-Heiser geschafft huet, gouf et eng associatioun tëscht dem Stefania a senger Niece Oana, déi sech och fir d’Moud begeeschtert an eng solid Experienz am Finanz- an administrative Bereich huet. Déi zwee maachen hieren eegene Butik an der Staad op.
D’Idee vun ‘4 Ladies’ Style’ as schon e puer Joer aal. De Projet huet 2018 Gestalt ugeholl an d’Stefania an d’Oana hun sech entscheed, deen Challenge unzegoen.
4 Ladies’ Style as eng Marque vun prêt à porter, vu Créatiounen vun Owes- a Cocktailkleeder, Tenuen fir de Büro, an Créatiounen op d’Mooss ‘made in Luxembourg’.
An onsem Haus gët erfond a geschafft. Mir bitzen op d’Mooss, awer mir maachen och Aennerungen u Kleeder an Retouchen.
Mir sin weit ewech vum Stereotyp a schwéierfällegen Linen : d’Stefania denkt sech Kleeder aus, déi Iech gefaalen and zur Geltung brengen.
Dem Stefania sei Bléck riicht sech direkt op d’Silhouette vun der Cliente fir se an daat bescht Liicht ze setzen. Als éischt schwätzt hatt mat der Cliente iwer hier Preferenzen a Wënsch, dann erschafft hatt eng Esquisse vum Kleed oder dem Tailleur an da gët en “patron unique” erstallt, genau no de Moossen vun der Cliente.
All Creatioun as en Prozess vun der Toile, dem éischten Umoossen fir d’Linen an de Volume, déi festgeluecht woren, optimal unzepassen. Duerno geet et un d’Umoossen am gewielte Stoff, wou een sech da schon a sengem Kleed oder Costume ka gesin. Da kann een och nach passend Accesoiren aussichen fir eng perfekt Tenue.
All des Etappen vu Moulage, Patronage, Schnëtt, Assemblage, Umoossen, Retouchen a Finitioun gin vun der Créatrice am Atelier an der Staad durchgefouert.
D’Arbecht as handwierklech gemaach an all Tenue as eenzech. D’Verfeinerung, d’Gedold an d’Creativitéit sin Schlësselwierder fir dem Stefania seng Kapazitéiten ze beschreiwen, modern an individuell Tenuen ze schaafen.
Hu Dier Loscht, Iech een Owend wéi eng Prinzessin ze fillen ? D’Stefania denkt sech Är Draamkleed aus fir all Gelegenheet. Et kënnen och Tenuen fir Gruppe gemaach gin, zum Beispill fir “dames et demoiselles d’honneur”.
Den éischte Wonsch vun onsem Atelier de Création as et, d’Couture-Heiser vu fréier rem operstoen ze loossen.