Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          A+ Architecture Marc Ries OAI

          Architekten 48 Am Floss L-9232 Diekirch (Dikrech)
          Kuck d'Nummer 26 80 33 80 Itinéraire Websäit Kontakt Instagram

          Iwwer A+ Architecture Marc Ries

          • Zougang fir Behënnerten
          • Hond/Hënn erlaabt
          • Online-Accès

          Ons Aufgabenberäicher betreffen:

          Projeten no Ären Wënsch a mat fachspezifescher Berodung: 

          - Passivhaiser
          - Residencen
          - Renovatiounen an Transformatiounen
          - Energetesch Sanéierungen
          - Schoulen, Maison Relaisen
          - Kultur- a Sportzentren
          - Kommerziell an industriell Gebaier
          - Baussenanlagen
          - Lotissementer, PAP
          - Energieberodungen an Ausstellen vun Energiepäss
          - An Aneres

          Den Atelier A+ Architektur Marc RIES gouf am Februar 2001 zu ANGELDUERF gegrënnt.

          Am August 2006 goufen nei Raimlechkeeten zu DIKRECH, 48, am Floss, bezunn fir all den Ufuerderunge vun engem modernen Architektebüro gerecht ze ginn. A+ steet Iech hei fir all Är Projeten zu Verfügung.

          Niewent Neibauten, Ëmbauten, Baussenanlagen, energeteschen Sanéierungen, Energieberodungen, Ausstelle vun Energiepäss, Deel-Bebauungsgebidder (PAP) asw., leeë mir och grousse Wäert op eng ëmfangräich, neutral an onofhängeg Berodung beim Plangen a bei der Ausféierung an dat no den Wënsch vum Client.

          D'Ëmsetze vun äre Projeten no äre Virstellungen a Wënsch ass eist Haaptzil, ouni awer op d'Erfarung am Plangen an d'Virschléi vun engem erfuerenen Architektebüro ze verzichten.

          Aspekter wéi Nohaltegkeet, Wirtschaftlechkeet, Ekologie an Effizienz spille bei eis eng grouss Roll a fléissen direkt an d'Plangen an d'Ëmsetzung mat an.

          Mir freeën eis Iech bei eis kënnen ze empfänken, soen Iech Merci fir äert Vertrauen a versécheren eng tadellos an onofhängeg Aarbecht.

          Äert A+ Team aus DIKRECH.

          Kontakt Persounen