De Kielener Atelier huet eng Zouloossung fir d'Betreie vu 55 Persounen a bitt folgend Atelier'en un: Kichen, Bitz, Schräinerei, Stullflechterei a Schlässerei.
Missioun :
ATP a.s.b.l. begleet Mënsche mat enger psychescher Stéierung bei hirem psychosoziale Rehabilitatiounsprozess a bitt den Zougang zu enger Aarbechtsplatz mat Aarbechtsbedingungen, déi fir eng Genesung hëllefräich sinn. Déi professionell Mataarbechter setzen sech dofir an, méiglech Aarbechtsberäicher fir dës Persounen z’erschléissen.
Dir fannt eis um Internet, op Facebook an Instagram.