D'Gemeng Stengefort zielt den Ament bal 6.000 Awunner.innen aus iwwer 90 Nationalitéiten, verdeelt iwwer d'Dierfer Stengefort, Grass, Hoen a Klengbetten.
Ëmgi vun de Gemenge Käerch, Garnech an Habscht läit Stengefort 19 km ewech vun der Haaptstad.
Stengefort erlieft eng beandrockend Entwécklung. Et ass eng dynamesch a wuessend Gemeng, eng Gemeng an där et sech gutt liewe léist. Stengefort ass net wierklech urban, nach ländlech. Et kéint ee vun engem "stätteschen" Duerf schwätzen. Am Häerze vun der Gemeng sinn sech vill Geschäfter etabléiert. Alles léit no beieneen. Dir kënnt Är Shopping einfach zu Fouss maachen. Mä mir befannen eis och am Häerz vun enger grénger Landschaft, déi fir jiddereen zougänglech ass an déi mir gären erhalen.
Stengefort ass eng attraktiv Gemeng mat deene villen Ariichtungen déi se ubitt, besonnesch wat den Zougang zum ëffentlechen Transport ugeet (Buslinnen 741, 750, 802, 811, 812, 831, 832, 833). Zousätzlech bitt d‘Klengbettener Gare e séier Zougang zur Stad. Mat all deenen Ariichtungen huet Stengefort sech als regionalen Entwécklungszenter etabléiert a vill Infrastrukturen ëmgesat, vun deene souwuel seng Awunner.inne wéi och déi vun den Nopeschgemenge profitéiere kënnen.