
„An Hennessen“ – Crèche a Foyer de Jour huet seng Dieren 2012 opgemaach a betreit säitdeem Kanner vun 0 bis 12 Joer.
D’Crèche bitt 39 Plazen, opgedeelt an 3 Gruppen.
De Foyer de Jour bitt 30 Plazen, punktuell opgedeelt a Gruppen.
„An Hennessen“ läit an engem klengen Duerf no um Stau an enger roueger a familiärer Atmosphär. De fréieren Hotel-Restaurant, vun dem mir de Numm iwwerholl hunn, bitt de Kanner no der Renovatioun, een heemleche Kader mat Charme a vill Plaz. Grouss, hell Raim souwéi ee groussen Ausseberéng invitéiere fir ze spillen, ze erfuerschen an ze entdecken!
D’Schwéierpunkte vun eisem pedagogesche Konzept sinn:
- Familiäre Kader
- Natur erliewen a verstoen
- Eng gesond Ernärung
- Selbststännegkeet a Selbestbewosstinn
Eise Gaart as nom "Holunderschule-Konzept" gestalt ginn an ass ee klengt Paradäis fir all Kand! Hochbeeter, vill verschidde Spillecker an ee groussen Haff bidden eis d’Méiglechkeet all Dag mat de Kanner an der frëscher Loft ze sinn.
An eiser Hauseegener Kiche gëtt all Dag frësch gekacht!
Den Eltere steet ee grousse Parking zur Verfügung.
Individuell an häerzlech op all Kand agoen, huet bei „An Hennessen“ héchst Prioritéit!