Assetto Corsa kënnt aus dem Italieeneschen a bedeit „Race Setup". Am Joer 2004 gouf eis Firma Assetto Corsa mam Motto „Autoshändler vu besonnescher Aart" gegrënnt. Mat grenzeloser Begeeschterung a grousser Léift fir den Auto ass eng Iddi gewuess: eis Passioun fir Autoen vun alle bekannten Hiersteller an eisen Beruff ëmzesetzen an eis Offer mat der gréisster Suergfalt zesummenzestellen, sou datt se eisen héije Standarden an den Erwaardunge vun eisen Clienten entspriechen. D'Iddi fir eng laangfristeg Relatioun mat eise Clienten opzebauen an z’erhalen stoung ganz am Vierdergrond.
Et ass net ongewéinlech datt dës Bezéiung "Client - Autoshändler" sech iwwer d'Joren a Frëndschaft entwéckelt. An dat ass fir eis vill méi wäert wéi eleng nëmmen den Gewënn. "Sports and Luxurycars" steet fir eis Philosophie, eise Clienten ëmmer eppes ganz Besonnesches an exklusives ze bidden. Dat gëllt natierlech och fir eise Service um Client nom Kaf vum Auto. Well mir wëssen datt e Gefier kafen och en Zeeche vu Vertrauen ass.
Also besicht eis net nëmme virtuell. Eis Equipe freet sech Iech zu all Moment an eisem Showroom begréissen ze kënnen.