Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Atelier b architectes - Christian Barsotti et Associés OAI

          Architekten 21 Cité Grand-Duc Jean L-7233 Bereldange (Bäreldeng)
          Kuck d'Nummer 26 33 18 59 Itinéraire Websäit Kontakt Zerwisser Nos projets

          Iwwer Atelier b architectes - Christian Barsotti et Associés

          • Parking

          atelier b architectes – christian barsotti et associés s.à r.l

          2001 gouf atelier b architectes vum Architekt Christian Barsotti gegrënnt an huet eng zolidd Experienz am Plangen an Duerchféieren vun ëffentlechen a private Projeten vun zäitgenëssescher Architektur mat héijer Energieeffizienz.

          D'Haaptuleies vum Atelier läit an der Verschmëlzung vun enger usprochsvoller, zäitgenëssescher Architektur mat energieeffizienten Systemer a regenerativen Energien. 

          Als Planungsbüro vum éischten ëffentlechen Plusenergie-Gebai am Groussherzogtum Lëtzebuerg spillt atelier b architectes eng Virreiderroll am Beräich vun der energieeffizienter Architektur zu Lëtzebuerg.

          atelier b architectes huet och eng zolidd Erfarung am Beräich vun der Sanéierung vu Gebaier an vun der Restauratioun vun historeschen an denkmalgeschützten Objeten. Den Atelier bitt desweideren Leeschtungen am Urbanismus (Deelbebauungspläng / PAP) wéi och Energie-Zertifizéierungen (Energiepass, LENOZ) an Energieberodung un.


          Eis Leeschtungen:

          * Wunnengsbau 

          * Ëmbau / Ubau

          * Renovéierung / Vergréisserung

          * Ëffentlech Bauten / Denkmalfleeg

          * Administratioun / Commerce

          * Urbanismus

          * Innenarchitektur

          * Virentwërf

          * Energie-Zertifizéierungen / Energieberodung


          atelier b architectes setzt sech zesummen aus engem internationalen Team aus Architekten, Urbanisten an Innenarchitekten an dediéiert sech Bauprojeten ënnerschiddlechster Aart an Dimensioun fir privat an ëffentlech Clienten. D'Team schafft a 6 Sproochen an huet säi Sëtz zu Bäreldeng (Gemeng Walfer) no bei der Haaptstad Lëtzebuerg.

          Eis Artikelen