
atelier b architectes – christian barsotti et associés s.à r.l
2001 gouf atelier b architectes vum Architekt Christian Barsotti gegrënnt an huet eng zolidd Experienz am Plangen an Duerchféieren vun ëffentlechen a private Projeten vun zäitgenëssescher Architektur mat héijer Energieeffizienz.
D'Haaptuleies vum Atelier läit an der Verschmëlzung vun enger usprochsvoller, zäitgenëssescher Architektur mat energieeffizienten Systemer a regenerativen Energien.
Als Planungsbüro vum éischten ëffentlechen Plusenergie-Gebai am Groussherzogtum Lëtzebuerg spillt atelier b architectes eng Virreiderroll am Beräich vun der energieeffizienter Architektur zu Lëtzebuerg.
atelier b architectes huet och eng zolidd Erfarung am Beräich vun der Sanéierung vu Gebaier an vun der Restauratioun vun historeschen an denkmalgeschützten Objeten. Den Atelier bitt desweideren Leeschtungen am Urbanismus (Deelbebauungspläng / PAP) wéi och Energie-Zertifizéierungen (Energiepass, LENOZ) an Energieberodung un.
Eis Leeschtungen:
* Wunnengsbau
* Ëmbau / Ubau
* Renovéierung / Vergréisserung
* Ëffentlech Bauten / Denkmalfleeg
* Administratioun / Commerce
* Urbanismus
* Innenarchitektur
* Virentwërf
* Energie-Zertifizéierungen / Energieberodung
atelier b architectes setzt sech zesummen aus engem internationalen Team aus Architekten, Urbanisten an Innenarchitekten an dediéiert sech Bauprojeten ënnerschiddlechster Aart an Dimensioun fir privat an ëffentlech Clienten. D'Team schafft a 6 Sproochen an huet säi Sëtz zu Bäreldeng (Gemeng Walfer) no bei der Haaptstad Lëtzebuerg.