Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Banque de Luxembourg SA

          Banken 14 Boulevard Royal L-2449 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 49 92 4-1 Itinéraire Websäit Kontakt

          Iwwer Banque de Luxembourg SA

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Hot Spot WiFi
          • Bancomat

          D'Banque de Luxembourg ass zanter 1920 als Privatbank am Grand-Duché täteg, wou si ee vun de wichtegste Verméigensverwalter vun der Plaz ass.

          Am Déngscht vu Betriber aFamilljen, steet d'Banque de Luxembourg hinne an de wichtege Momenter zur Säit, fir hirt Verméigen laangfristeg ze geréieren an esou zur Realisatioun vun hire Projete bäizedroen, déi si a vollem Vertrauen ëmsetze kënnen.

          Mir sinn an dräi Geschäftsberäicher täteg:

          Private Banking, Betriber an Entrepreneuren a Professional Banking.

          Si goufen alleguer op d'Besoine vun eise Clienten ausgeschafft a gi mat derselwechter Approche praktizéiert, déi sech op eis Traditioun als Privatbanquier baséiert.

          Private Banking

          Mir begleeden eis Cliente beim Erhalen, der Gestioun an der Transmissioun vun hirem Verméigen a proposéieren hinne Léisungen, déi den zum Deel multijuridiktionelle Problematiken Rechnung droen.

          Eis Servicer fir d'Famillje sinn eng natierlech Erweiderung vun dësen Aktivitéiten. Esou guidéiere mir si och bei Froen zur Gouvernance vun der Famill, d'Educatioun vun der "Next Gen" an d'Ëmsetzung vu philanthropesche Projeten.

          All dës Servicer proposéiere mir enger europäescher an internationaler Clientèle, vu Lëtzebuerg aus a vun eisen Implantatiounen zu Bréissel a zu Sint-Martens-Latem.

          Betriber & Entrepreneuren

          Mir begleeden Entreprisen an Immobiliëspezialisten, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, andeems mir hinnen hëllefen, hir Projeten ze finanzéieren, awer och hiert Verméigen ze verwalten, ze vergréisseren an z'iwwerdroen.

          Esou hu mir och e besonnesche Savoir-faire an derPreparatioun vun der Transmissioun an der Integratiounvun der "Next Gen" entwéckelt.

          Professional Banking

          Mir begleeden eis Cliente an allen Etappe vun hire Projeten:

          vun der Konzeptioun an der Offer vun allen Servicer fir Investmentfongen, bis zu der kompletter Offer vun Servicer als Depotbank fir Drëttmanager.

          Eis Ekippen vun Experten, déi zu Lëtzebuerg baséiert sinn, hunn ëmmer en oppent Ouer fir eis Clienten, begleede si bei der Sich no Léisungen, déi am beschten un hir Defie vun enger ëmmer méi komplexer Industrie ugepasst sinn, a proposéieren hinnen esou e Service mat héijem Méiwäert.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen

          • M. Pierre Ahlborn

            Administrateur-Délégué
          • M. Fabien Heilbronn

            Chef de service électronique