
Säit 1987 ass d’Bastelkiste d’Fachgeschäft zu Lëtzebuerg fir alles wat Kënschtler a Bastelbegeeschterter brauchen. Am Familljebetrib an der Stad fënnt een op iwwer 1.000 m² eng grouss Auswiel u Woll, Stëfter, Bastelsaachen, Deko, Mercerie- an Papeterie-Artikelen. De Buttek ass säit Laangem bei senge Clients beléift an ka stolz op eng iwwer 30-järeg Traditioun vun Zefriddenheet an Loyalitéit bei senger treier Clientèle zeréckblécken. Egal op fir ze strécken, bitzen, heekelen, patchworken, quilten oder bastelen – op den dräi Stäck vun der Bastelkiste kënnt all Kreativen op seng Käschten an fënnt ënner den méi wéi 40.0000 Artikelen genau dat Richtegt fir säin Hobby. Besicht d’Bastelkiste direkt am Häerz vu Lëtzebuerg, nëmme 5 Minutten zu Fouss vun der Stater Gare ewech oder fannt eis Saachen an eisem Online-Shop op https://www.wollzauber.com/. Mir freeën eis op Äre Besuch !
Hei eng Auswiel vun eiser Wuer an eisen ugebuedene Marken :
- Pinsel, Faarwen a Bléck
- Kënschtlerfaarwen, Läinwänn a Kënschtlerbedarf
- Alles fir den Architektur-Modellbau
- MNT Montana Faarf-Sprayer, Graffiti-Spraydousen
- Stëfter, Woll, Heekelzwier, Stréckwoll, Bännercher, Knäpp a Mercerie-Artikelen
- Stréck-Accessoiren, Stréckeisen, addi Nolen, Prym Nolen, Prym Bitz-Artikelen, CLOVER
- Stréckbicher, Stréckuleedungen, Heekelbicher, Heekeluleedungen
- Amigurumi Zwier an Uleedungsbicher
- Stempel a Pabeier fir Scrapbooking
- Bijouen, Pärelen, Sëlwerdrot
- Filz, gedréchent Blummen
- Leem a Keramik
- Alles fir déi individuell Hierstellung vu Seef
- Holzdeeler a Billerrummen
- Bicher a Fachzäitschrëften
- Alles fir de Schoulbedarf
- Schreifwuer
- Patchwork, Quilt
- Bastelcoursen, Bitzcoursen, Kannergebuertsdeeg
- Plommen fir d’Fuesent an Fueskostümer
- CANSON / SCHMINCKE / FABER CASTELL / ROYAL TALENS / STAEDTLER / DAVINCI / HAHNEMÜHLE / JAXON / STABILO / POSCA / PENTEL / COPIC / PELIKAN / EBERHARD FABER / RÖSSLER
- LANG YARNS / SCHOPPEL / DEBBIE BLISS / ARAUCANIA / MIRASOL / ATELIER ZITRON / LOUISA HARDING / LOTUS YARNS / SCHACHENMAYR / MYBOSHI / NORO / PHILDAR / QUEENSLAND / GÜTERMANN / ROWAN / ITO
Onlineshop: https://www.wollzauber.com