
Als authentesch a lokal Bistro-Brasserie nierft der zentraler Méchelsplaz zerwéiere mir Iech lokal a regional Platen an enger waarmer a gemittlecher Atmosphär. Als Treffpunkt vu Miersch organiséiere mir Evenementer fir jonk an al. Beim Méchel ass eng Bistro-Brasserie fir jiddereen. Mat dem Emblème vu Miersch, dem Draach, spigelt de Beim Méchel d’Geschicht an d’Leit erëm.
Eis Passioun fir regional a lokal Kiche kënnt Dir an eisen héichwäertege Platen mat lokale Produite schmaachen. Et ass fir all Goût eppes dobäi. Mat eisem Plat du jour gëtt et all Woch eppes Neies ze schmaachen, sief et vegetaresch, Fësch oder mat Fleesch. Ausserdeem hu mir och en Rôtisserie Grill mat deem mir lecker Poulet Platen preparéieren. Fir de klengen Honger moies hunn mir natierlech och eppes.
Klengegkeeten a Kaffi: 8.00-12.00 (Snacks a Kaffi)
Mëttegiessen: 12.00-14.00
Nomëtteg Snacks :14.00-18.00
Owendiessen: 18.00-22.00
Bar: 8.00-00.00