
Qualifizéiert an erfueren Kiné; D'Nancy Carpentier huet jorelaang an allgemengen Physiotherapiepraxen geschafft, an huet dunn decidéiert hir eege Praxis zu Péiteng opzemaachen.
Si empfänkt Iech an hierer Praxis oder kënnt bei Iech heem, sou wéi hir Aarbeschtskolleginnen an d'Carine Christelbach, och qualifizéiert an erfueren Kiné'en.
Konsultatiounen sinn nëmmen op Rendez-vous, vu Méindes bis Freides, an der Praxis oder Doheem (Péiteng, Déifferdeng an emgeigend bis 10 km).
Fir eng besser Disponibilitéit ass d'Patientebetreiung individuell (30min) a fënnt an enger ganz roueger Atmosphär statt.
Bei der Praxis, huet een zimmlecht einfacht parken (markéiert Plazen mat der Scheif sin an der Strooss), Busarrêten sinn och ganz noo bei.
Behandluungen :
- Funktionell an neurologesch Rehabilitatioun
- Manuell Therapie Sohier
- Vestibulär Rehabilitatioun
- Funktionell pädiatresch Rehabilitatioun
- Neuropediatresch Rehabilitatioun
- ATM
- Lymphdrainage
- Manuell Massage
- K-Taping
- Postnatal Rehabilitatioun
- Atmungsphysiotherapie
- Elektrotherapie