
D'CMCM, är Gesondheetsmutuelle op ärer Säit. D'CMCM ass eng Mutuelle an handelt och esou. Haut ziele mer méi wei 140.000 Member-Familljen, respektiv 280.000 ofgeséchert Persounen. D'Aarbecht vun der CMCM baséiert um Prinzip vun der Solidaritéit an ouni een auszeschléissen. Bei der CMCM ass jidderee Wëllkomm, et brauch ee kee Krankheetsdossier ze präsentéieren an et kann een seng ganz Famill ouni zousätzlech Käschten ophuelen.
D'CMCM participéiert bei Spidolskäschten, Dokter- an Zänndokterkäschten zu Lëtzebuerg mee bei engem schwéieren Agrëff am Ausland. Mat eiser CMCM-Assistance profitéiert ee schonn an der Basis, RÉGIME COMMUN, vun enger 24/7 Assistance falls eppes am Ausland geschitt, mat Rapatriement an enger Annulation Voyage.
D'Garantie PRESTAPLUS couvréiert ënnert anerem d'Spidolskäschten an d'Dokterkäschten an der 1. Klass, eng Participatioun beim Krankentransport a bei der Preventioun. Mat der Garantie DENTA & OPTIPLUS participéiert d'CMCM bei Zännerdokterkäschten ewéi d'Orthodontie, Implanten a Zännprothesen esou wei bei Brëller, Lënsen a Laserbehandlung.