
Mir si spezialiséiert am Beräich vun der Betreiung vun der Persoun a ganz Lëtzebuerg. Zanter iwwer 20 Joer läit et eis um Häerz, Iech bei all Moment vun Ärem Liewen ze begleeden, sief et temporär oder permanent.
Mir engagéieren eis, Iech am Alldag zur Säit ze stoen, an Iech esou ze hëllefen, Är Autonomie oder déi vun Äre Léifsten z’erhalen. Mat eisen Ekippen, Strukturen a Servicer, mobiliséiere mir eis fir Iech Léisungen ze proposéieren, déi Äre Besoinen ugepasst sinn, an dat Weesentlecht ze garantéieren: Wuelbefannen a Geloossenheet.