Cardif Lux Vie ass eng Lëtzebuerger Liewensversécherungsgesellschaft, déi zu de bedeitendsten Acteuren um Maart zielt. Als Versécherer, dee sech fir seng Clienten, Partner a Mataarbechter responsabel fillt, offréiert d’Gesellschaft héichwäerteg Léisungen a Servicer, déi zu engem nohaltegen a verantwortungsvolle Wuesstem bäidroen.
Zu Lëtzebuerg ewéi och an der Groussregioun offréiert Cardif Lux Vie de Bancassurancen- a Courtiersreseaue Liewensversécherungsléisungen an de Beräicher Spueren, Pensioun a Prévoyance mat héijem Méiwäert fir Privat- a Geschäftsclienten.
Fir Cliente mat Verméigen, déi sech an engem internationalen Ëmfeld beweegen, entwéckelt d’Gesellschaft iwwer e breede Reseau vun héichwäertege Partner eng Gamm vun dauerhaften Offeren op Mooss mat enger oppener Architektur. D’Planungsléisunge vun der Gesellschaft, déi sech op eng komplett Gamm vun Instrumenter zur Verméigensentwécklung stäipen, begleede laangfristeg hir Clienten a Partner.