Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Carsharing Luxembourg SA

          Carsharing 61 Rue de Bouillon L-1248 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 20 60 20 01 Itinéraire Websäit

          Iwwer Carsharing Luxembourg SA

          • Zougang fir Behënnerten

          Einfach


          Carloh ass deen éischten Bedreiwer zu Lëtzebuerg deen Iech e professionelle Carsharing Service um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg ubitt. D'Autoen stinn am Häerz vun den Haapt Wunnquartiere vun der Stad Lëtzebuerg. Dir fannt och Statiounen no bei der Gare an dem Zentrum.


          De Prinzip ass ganz einfach: no der Validatioun vun Ärer Umeldung an nodeems Dir un eiser Informatiounssëtzung deelgeholl hutt, kënnt Dir ganz séier Är Reservatioune maachen an domat ons Autoen, déi Iech zur Verfügung gestallt gi, fir Är Trajeten benotzen.


          Witschaftlech


          En eegenen Auto kafen heescht net nëmmen eng grouss Investitioun, awer och reegelméisseg Käschten wéi Versécherung an Ënnerhalt. Dir braucht eng Parkplaz, Dir musst reegelméisseg an d'Révisoun oder op d'Kontrollstatioun goen. Vill vun eisen hunn en eegenen Auto awer benotzen en fir manner wéi 5.000 oder 10.000 Kilometer d'Joer. Ausserdeem ass a gëtt den ëffentlechen Transport méi effektiv, wouduerch Äert eegent Gefier ëmmer manner néideg ass. An dësem Fall bitt Carloh déi optimal Léisung fir Iech wann Dir e Gefier braucht !

          Entdeckt eis Servicer, eis Autoen an eis attraktiv Präisser elo !


          Ekologesch


          Stellt Iech eng Stad ouni e groussen Deel vun sengen Autoen vir, net nëmmen ouni déi déi all Dag duerch d'Stroossen zéien, awer och déi déi nëmmen op Parkplaze stinn an wärend Deeg oder Wochen net gefuer gin!


          Eise Projet ass ganz einfach: d'Leit méi onofhängeg vum eegenen Auto ze maachen ouni se an den ëffentlechen Transport ze "verbannen", a fir de Benefice vu jidderengem!


          Tatsächlech kann all Carloh Auto 8-12 Privatautoen erstzen, e wesentlechen Bäitrag leeschten fir eis Ëmwelt ze verbesseren a vill Suen Spueren. Manner Autoen op eisen ëffentlechen Stroossen bedeit manner Autoen a manner gëfteg Ofgasen!


          Firwat Carloh?


          Gidd Dir gär zu Fouss, benotzt den ëffentlechen Transport oder kommt mam Vëlo op Är Destinatioun? Awer heiansdo braich Dir nach ëmmer en Auto?

          Da kann Carloh déi ideal Léisung fir Iech hunn!


          Carloh bitt Iech d'Méiglechkeet en Auto aus senger Flotte flexibel no Äre Besoinen ze benotzen, ouni Iech Suergen ze maachen !

          Carloh këmmert sech ëm all Reparatur- an Ënnerhaltskäschten, Versécherung, Parking a Botzen vum Auto !


          Gutt ze wëssen !


          Beim Kaf vun eisen Autoen leeë mir Wäert op ee reduzéierten CO2 Ausstouss, NOx Ausstouss, Verbrauch a Kaméidi. Mir respektéieren den däitschen Standard "Der Blaue Engel" fir d'Ofgasemissiounen fir eis ganz Flotte. (https://www.blauer-engel.de/de)