Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Centre de Formation pour Conducteurs

          Beruflech Ausbildung an Weiderbildung Rue François Krack L-7737 Colmar-Berg (Colmer-Bierg)
          Kuck d'Nummer 85 82 85-1 Itinéraire Websäit Formulaire de contact

          Iwwer Centre de Formation pour Conducteurs

          • Parking
          • Online-Accès
          • Lift
          • Receptiounssall

          De Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmar-Bierg ass d’Adress fir all Automobilisten a Motorradfuerer, déi un engem obligatoreschen oder fräiwëllege Sécherheetsfuertraining deelhuele mussen oder wëllen. Mir bidden och ekologesch an ekonomesch Fuertrainingen souwéi ëffentlech Evenementer a Firmenveranstaltungen un.


          Mat Hëllef vu speziell entwéckelte Strukturen a modernster Technologie, ënnerstëtzen eis héichqualifizéiert Ausbilder souwuel Ufänger wéi och erfuerene Chaufferen, fir sech am dagdeegleche Stroossentrafic verantwortungsvoll an defensiv ze verhalen a sech de Geforen am Stroosseverkéier bewosst ze ginn. Doriwwer eraus hëllefen si de Chaufferen, hir eege Grenzen, déi vum Gefier an déi vun der Physik besser ze verstoen.


          Eis Formatioune riichten sech un Automobilisten a Motorradfuerer souwéi u Beruffschaufferen (Klengtransporter, Camionen a Busser).

          D’Formatiounen fannen all Dag an der Woch statt a ginn an fënnef verschiddene Sprooche proposéiert.


          Eis Aktivitéiten:


          - Obligatoresch Formatioune fir Automobilisten a Motorradfuerer

          - Fräiwëlleg Formatioune fir Automobilisten a Motorradfuerer

          - Formatioune fir ekonomescht an ëmweltfrëndlecht Fueren

          - Punktesammel-Trainingen am Kader vun der Gesetzgebung zum Punkteführerschäin

          - Sensibiliséierungsaktioune fir Kanner am Alter vu 6-7 Joer (Kuck & Klick) souwéi fir Schüler aus dem Lycée (MSR)

          - Evenementer & Incentives

          - Aus- a Weiderbildung fir Beruffschaufferen (Code 95)


          Fir weider Informatioune kënnt Dir eis Websäit besichen oder eist Sekretariat kontaktéieren, dat Iech gäre perséinlech oder iwwer Telefon empfänkt.


          Eis Neiegkeeten op Instagram

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen