Eise Club Aktiv + ass een Treffpunkt fir jiddreeen ab 50 Joer. Jiddreen ass wëllkomm deen sech fir eis Offeren interesséiert an deen gären a gudder Gesellschaft ass.
Mir bidden un:
-Gesellegkeet a Kontakter: (Shopping, Gespréicher, Ausflich, asw)
- Hobby a Spaass: (kreativ Aktivitéiten, Gesellschaftsspiller, Musek, Wanderen, asw)
- Informatiounen a Berodung bei administrativen an soziale Froen, bei Computer, Internet an Handy
Dir kënnt eise Club e puer Mol an der Woch besichen. Dir kënn mëttes och gären bei eis iessen. Mir freën eis op äre Besuch.