Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Crèche Les Angelots

          Crèche an Dagesfoyer fir Kanner 242 Route d'Esch L-4451 Belvaux (Bieles)
          Kuck d'Nummer 26 59 14 78 Itinéraire Websäit

          Iwwer Crèche Les Angelots

          D' Crèche Les Angelots ass eng kleng Struktur mat 27 Kanner, oppe säit 2010, an der Mëtt vun Belvaux, 2 Minutte vun Esch Belval ewech.


          Mir empfänken d'Kanner vun 0 bis 4 Joer an enger frëndlecher, gemittlecher a familiärer Atmosphär.


          D'Wuelbefannen an d'Entfalung vun de Kanner sinn eis Prioritéit, dofir bidden mir variéiert Aktivitéiten un, déi d'Léieren duerch Spill an Exploratioun fërderen, wärend mir de Entwécklungsrhythmus vun all Kand respektéieren.


          Am Alldag empfänkt eis Equipe, qualifizéiert a passionéiert, d'Kanner häerzlech a beméit sech eng Vertrauensbezéiung mat hinnen opzebauen. Mir schwätzen mat hinnen op Franséisch an op Lëtzebuergesch.


          D'Innen- an Aussenzonen (privaten a gesécherten Gaart vun 5 Ar) vun der Crèche si modulabel, ugepasst un all Alter, wat de Kanner erlaabt d'Aktivitéit ze wielen, déi si maache wëllen, Freed ze hunn, hir Sënner ze entwéckelen, ze kreéieren, ze entdecken, ... mat engem Gefill vu Erausfuerderung a Fräiheet.


          Mir bidden hinnen och verschidde baussenzeg Ausflich un, fir datt si sech beweegen, spillen, entdecken a sech ausliewen kënnen (Spadséiergang am Bësch, Spillplazen, ...) awer och fir den Austausch an d'Entdeckung vun der Welt ronderëm eis ze fërderen (Theater, Bibliothéik, Maart, Veräiner, CIPA,...).


          Den Respekt vun der Natur an der Ëmwelt sinn wichteg Wäerter an der Philosophie vun eiser Crèche. Mir deelen dës Wäerter mat de Kanner duerch kleng Gesten am Alldag oder verschidde Aktivitéiten (kreativ Atelieren mat Recyclagematerialien, Gaardenaarbecht, ...).


          Mir bidden de Kanner variéiert a gläichgewiicht Iessen un, preparéiert aus säsonalen, ultra-frëschen, lokalen Zutaten an déi meeschtens bio sinn.


          D'Crèche ass ganz Joer op (ausser déi gesetzlech Feierdeeg zu Lëtzebuerg).


          Mir akzeptéieren de Chèque-service Accueil a mir huelen aktiv um Programm vun der plurilingueller Erzéiung deel.


          Mir invitéieren Iech häerzlech, Kontakt mat eis opzehuelen an eis ze besichen.






          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen