Déi universitär Diplomer (Master an de komplementar Master an der Osteopathie) vun der ULB (Université Libre de Bruxelles) erlabe mir den Titel "Osteopath D.O." ze droen an no den europäesche Richtlinnen ze schaffen. Ech kann iech an der therapeutescher Praxis Kinésithérapie a Ostéopathie Yasmine Metri-Laurent Devalet zu 29C, rue de Mersch L-7470 Sëll bei Miersch unhand vun engem Rendez-vous empfänken. Ech schaffe just exklusiv als Osteopath an ech kann iech domatter och an éischter Linn empfänken ouni musse virdrunner bei den Dokter ze goen. Meng universitär Formatioun a meng aner komplementar Formatiounen erlabe mir mäin professionelle Kompetenzberäich mat senge Limitten gutt ze kennen an ech ginn och mäin bescht iech ze hëllefen. Falls är Symptomatik oder är Krankheet aus mengem Kompetenzzenter erausginn, wärt ech net zecken iech beim Spezialist ze schécken dee vir äre Problem am beschten adaptéiert ass.

Devalet Laurent
Osteopath 29C Rue de Mersch L-7470 Saeul (Sëll)Iwwer Devalet Laurent
- Zougang fir Behënnerten
- Parking
- Consultatioun doheem
- Klimatiséierte Waardesall
Kontakt Persounen
-
M. Laurent Devalet
Ostéopathe