DHL Express ass weltwäit Leader am Expresstransport. DHL Express offréiert global an individuell Transportléisunge fir seng Clienten a koordinéiert d’Verdeele vun Dokumenter an Informatiounen a méi wéi 220 Länner.
Mat senger grousser Offer u Produiten an Déngschtleeschtunge säit iwwer 30 Joer spillt DHL Express eng Schlësselroll op dem lëtzebuerger Versandmarché. DHL Express offréiert eng grouss Game vu flexibelen an zouverlässegen Déngscht-leeschtungen: DHL Time Definite fir garantéiert Liwwerung um nächste Schaffdag, DHL Same Day fir extrem dringend Sendungen, an DHL Day Definite fir manner dringend Sendungen.
Dës Déngschtleeschtunge sinn hei zu Lëtzebuerg méiglech an awer och tëscht zwee Drëttlänner, wou awer zu Lëtzebuerg verrechent gëtt.