Eise Betrib.
Scho viru 6 Generatiounen hu sech eis Urahnen mat der Destillatioun vun Uebstbränn beschäftegt. Haut féieren de Camille an d'Mariette Duhr-Merges de moderniséierte Betrib weider. De Camille huet d'Handwierk vu sengem Papp Nicolas Duhr geléiert an natierlech och duerch regelméisseg Weiderbildungen.
Zu den naturverbonnenen Aarbechten wéi de Schnëtt vun den Uebstbeem, d'Neiuplanzungen, d'Fleeg vun de bestehende Bee, dat ongedëllegt Waarden op e gudden Erdrag, d'Sammele vum Uebst, gesellt sech spéider d'Amaischen vun de Friichten, den Doft beim Brenne vun der Maisch, d'Schmaache vum Endproduit an zu gudder Lescht d'Afëllen vun der edeler Drëps.
All Fläsch, déi eis Brennerei verléisst gouf a suergfälteger Handaarbecht hiergestallt.