Wéi fannen ech eraus wiem eng Telefonsnummer gehéiert ?
Dir hutt een Uruff kritt, west awer net wiem den Uschloss gehéiert ? Dir wëllt sëcher wëssen wien Iech ugeruff hutt : eng Privatpersoun ? Eng Firma ?Déi ëmgedréinten Recherche hëlleft Iech erauszefannen wiem déi Telefonsnummer gehéiert !
Den ëmgedréinten Verzeechnes ass een gratis Online-Service den vun Editus.lu zur Verfügung gestallt gëtt. Dësen Service erlaabt Iech eng Telefonsnummer nozekuken fir d’Identitéit vum Besëtzer vun der Telefonslinn erauszefannen, sief et eng Privatpersoun oder eng Firma.Andeems Dir d’Festnetz- oder den Handysnummer an der Sichbar antippt, fannt Dir den Familjennumm / Virnumm an d’Adress vun der Persoun oder dem Betrieb deen Iech versicht huet ze kontaktéieren. Sollt et sech em eng Firma handelen fand Dir zousätzlech Informatiounen wéi Administrativ an Finanzinformatiounen, d’Aart vun der Aktivitéit, Öffnungszäiten, Internetsëtz, Facebook Säit (oder aner sozial Netzwierker) an Informatiounen zou den Manager. Dir kënnt den Betrieb och direkt iwert de Kontaktformular kontaktéieren.