eSST SA ass eng lëtzebuergesch Firma, déi op Aarbechtssécherheet spezialiséiert ass (Berodung, Formatioun a Software):
- Compliance Diagnos: Bestëmmung vun der Konformitéit am Bezuch op der Aarbechtssécherheet. Mat Hëllef vun engem Questionnaire a Kontroll vu verschiddenen Dokumenter, en detailléierte schrëftleche Rapport mat Empfeelungen erstellen;
- Konformitéit: Inventar vu riskanten Aarbechtsplazen an Zesummenaarbecht mat der Beruffsmedizin, Risikobewäertung mam Kinney Bewäertung, Aktiounsplang op der Basis vun der Risikobewäertung, Register fir déi reegelméisseg Inspektioune vun technesche Systemer a Gebaier ze dokumentéieren;
- Gouvernance: Entwécklung vun enger Sécherheetskultur baséiert op de Prinzippie vun enger kontinuéierlecher participativer Verbesserung, Aktiounsplang, Evakuatiounsübung, Sécherheetsvisite, Moderatioun vu Reuniounen;
- Gesondheets- a Sécherheetssekretariat: präventiv medezinesch Ënnersichungen, Formatiounen, Zertifikater, Aarbechtsaccidenter mat Analyse a Suivi AAA / ITM, Iwwerwaachung vun de legalen Entwécklunge per E-Mail
- Hotline Support: iwwer Telefon oder E-Mail mat enger schrëftlecher Äntwert bannent 48 Aarbechtsstonnen;
- Training: mir sinn Organisme de formation agrée;
- eSST monitoring: Integréiert Lëtzebuerger Software fir arbechtssécherheetsmanagement;
- eSST companion: Smartphone Uwendung déi mat eSST monitoring funktionnéiert;
- SimplySST: Outsourcing vum Travailleur désigné, extern Aarbechtssécherheets- a Präventiounsservice no dem Artikel L.312-3 (3) vum Aarbechtsgesetz.