
Hei dréint sech alles em Flipper an och aner Automaten, wei z.B.: Kicker, Arcade, Kran, Geldspiller, Dart, ...
Quasi alles wat blénkt, Kaméidi mécht an Spaass bereet.
Wat kann ech bidden?
Ze bidden hunn ech:
Akaf, Verkaf, Entretien, Restauratioun an Locatioun*
(*wat grad op Stock ass)
Vun wat?
Flipper, Kicker, Dart, Penny Pusher, Arcade, Jukebox, divers Automaten, Kran,...
Hutt Dir een Automat deen hënnert oder futti ass? Sot mir Bescheed.
Gett et een Flipper oder sos en Automat aus Ärer Jugend,
deen Iech emmer nach am Kapp
schwieft an Dir lo gär doheem hätt? Ech kann en opdreiwen!
All Flipper deen ech verkafen kritt eng Garantie, sou sidd Dir net geplot wann mol eppes drun ass.