Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Fondation Cancer

          Asbl 209 Route d'Arlon L-1150 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 45 30 33-1 Itinéraire Websäit Video Kontakt

          Iwwer Fondation Cancer

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking

          1994 zu Lëtzebuerg gegrënnt, setzt d’Fondation Cancer sech säit méi wéi 25 Joer am Kampf géint de Kriibs an. Nieft Informatiounen iwwer Präventioun (e. a. Tubakpräventioun an Ënnerstëtzung beim Ophale mat fëmmen duerch kognitiv Verhalenstherapie an Nikotinersatz), Fréierkennung a Liewe mat Kriibs, besteet eng vun hire Missiounen dodran, Patienten an hir Prochë mat villfältegen Offeren z’ënnerstëtzen.

          D’Fondation Cancer bitt Patienten an hire Prochë gratis psychologesch Berodung a psychotherapeutesch Ënnerstëtzung un. D’Equipe besteet aus véier Psychologinne mat zousätzlecher psychotherapeutesche Qualifikatiounen (z. B. kognitiv Verhalenstherapie, systemisch Berodung an Therapie, Traumatherapie an EMDR, klinesch Hypnos, persounzentréiert Psychotherapie, psychosozial Onkologie). D’Matmaache bei Gruppen a Coursë gëtt fir Patienten och gratis ugebueden: Gruppe fir Fraaen mat Broschtkriibs, Entspanungsgruppe wéi Yoga an Achstamkeet, Sportgruppe wéi Ganzkierperbalance.

          De Finanzement vu Fuerschungsprojete ronderëm d’Thema Kriibs ass e weidere wichtege Volet vun de Missioune vun der Fondation Cancer, déi all Joer dat grousst Solidaritéitsevenement Relais pour la Vie organiséiert. D’Missioune vun der Fondation Cancer kënnen nëmmen dank der Generositéit vun hire Spender an dem Engagement vun hire Benevollen erfëllt ginn.

          Dir fannt eis op www.cancer.lu.

          La Fondation Cancer, pour vous, avec vous, grâce à vous.

          Kontakt Persounen