
Als Leader a puncto Versécherungen zu Lëtzebuerg bitt de Foyer Grupp eng komplett Gamm mat Léisungen an de Beräicher Assurance, Virsuerg a Gestioun vu Verméige fir Privatpersounen an och Professioneller.
D’Gamm vun de Foyer-Produiten, déi ganz komplett a flexibel ass, reflektéiert den Know-how vum Grupp.
Si geet op folgend Besoinen an:
- Geloosse wunnen a liewen
reebou family erméiglecht Iech et duerch ënnerschiddlech Formullen, Äert Doheem ze versécheren an Är Famill ze schützen: d’Assurance Wunnen, d’Assurance Rechtsschutz, d’Rees-Assurance, d’Assurance Accidenter am Alldag, d’Assurance Fräizäit-Material a Wäertgéigestänn.
- Mobil bleiwen
D'Autosassurance mobilé deckt all d’Schied un Ärem Gefier, un enger Drëttpersoun an och d’Schied un Ärer Persoun. Maacht Iech d’Liewe méi einfach mat mobilé crédit, engem performanten Autosprêt AN enger kompletter Autosassurance an enger eenzeger Demarche.
- Seng eege Gesondheet schützen
Komplettéiert mat eiser Assurance santé medicis d’Prestatioune vun der Gesondheetskeess fir en optimale Remboursement vun Ärer Gesondheetsfleeg. Dir kritt e maximale Confort am Fall vun enger Hospitalisatioun mat medicis hospi+
- Investéieren, seng Pensioun virbereeden, spueren an d’Leit, déi engem nostinn, ofsécheren
Mat senge Spuer-Produite bitt Foyer einfach a flexibel Léisungen, wann Dir wëllt fir Är Pensioun spueren, d’Zukunft vun Äre Kanner virbereeden, d’Leit, déi Iech nostinn, ofsécheren, Immobilieprojete finanzéieren oder einfach investéieren.