Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Haus 89 (Liewens-Partner-Famillje Berodung A.s.b.l.)

          Psychologen 89 Rue d'Anvers L-1130 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 40 37 17 Itinéraire Websäit Kontakt

          Iwwer Haus 89 (Liewens-Partner-Famillje Berodung A.s.b.l.)

          • Parking

          De Berodungszenter

          steet jidderengem, onofhängeg vu senger Relioun oder Weltusiicht, offen.  E wennt sech u Mënschen, déi Problemer hunn, ënner anerem:

          • mat sech selwer:  eegene Méiglechkeeten a Grenzen, Selbstwäertgefill, Sexualitéit, ...,
          • mat Aneren:  Famill, Partner, Kanner, Kollegen, Virgesetzten, Frënn, ...,
          • a gewësse Liewenssituatiounen:  Trennung, Scheedung, Trauer, Aarbechtsloseg­keet, Krankheet, Pensionéierung, Einsamkeet, Gewalt, ... .

          Ons Équipe

          besteet aus enger Sekretärin souwéi verschidde Psychologen, déi all zousätzlech psychotherapeutesch ausgebilt sinn.

          Theoretesch a methodesch Usätz

          Verschidden Usätz: Gespréichspsychotherapie, Verhalenstherapie, Familljen­therapie, … .

          Wéi mir psychologesch Berodung verstinn

          Mir verstinn eis als Partner, déi gemeinsam mat Iech  Léisunge fir géigewäerteg Konflikter a Problemer eraarbechten.

          Mir respektéieren är Eegestännegkeet a gesinn eis als Begleeder a schwierege Liewenssituatiounen.

          Wat mir ubidden

          • Eenzel Gespréicher,
          • Koppel Gespréicher,
          • Famillje Gespréicher.

          Sproochen

          Gespréicher si méiglech op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch.

          Wat mir net ubidden

          • Schoulesch Orientéierung,
          • Berufflech Orientéierung,
          • Juristesch Berodung,
          • Medezinesch Berodung.

          Mir leeden Iech gär un zoustänneg Stelle weider.

          Wat eis besonnesch wichteg ass

          All eis Mataarbechter sinn un de Secret profes­sionnel gebonnen.

          Wéi Dir eis erreecht

          Mir bieden Iech, Iech perséinlech fir en éischt Gespréich unzemellen, am beschten telefonesch.  Terminer fir éischt Gespréicher ginn no der Reiefolleg vun den Umeldungen verginn ënner Berécksiichtegung vun den zäitleche Méiglech­keeten.

          Mënschen an akute Krisesituatioune kréien no Méiglechkeet direkt innerhalb vun de folgenden Deeg en Termin.

          Op Wonsch kënnt Dir och perséinlech mat engem vun eise Psychologen um Telefon schwätzen a mat him déi weider Virgoensweis beschléissen.

          Berodungszäiten

          Méindeg bis Freideg vun 9 bis 18 Auer.

          No Ofsprooch sinn och aner Zäite méiglech.

          Käschten

          Käschte Bedeelegung (1% vum Netto Verdéngscht pro Sëtzung).

          Informatioun an Umeldung

          Méindes bis Freideg vun 8 Auer 30 bis 12 Auer.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen