
Wee si mir ?
Zënter eiser Grënnung 1989 widme mir eis mat Leidenschaft der traditioneller an moderner Zammerei. Mat Freed deele mir eis Erfahrung fir d'Ëmsetzung vun äeren Ideeën an Projet'en.
Mir beméihen eis mat Holz aus der Regioun (Ficht, Douglas, Eeech, Bich) ze bauen, dorënner aus eegenen Bëscher an nom Nohaltegkeetsprinzip och nei unzeplanzen.
Zammerei:
- Daachgespär, Holzhaiser (Massif an Holzstänner), Hangaren a Scheieren ;
- Restauratioun vun historësche Gebaier ;
- Ëmbau vun Haus an Daach ;
- Terrassen a Fassaden am Holz, Carports, Gaardenhaïser, Pavillons ;
- Isoléirung an Holzfaser, Ablosdämmung an Zellulos oder Holzfaser, Hartschaum oder Steewoll.
Blechléerei:
- Kuläng, Kamainakleedungen ;
- Daachgauwen a Fassaden am Zënk.
Decken:
- Naturschiefer, Tounzillen, Holzschindel.