Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          IBB Baugesellschaft

          Entrepreneren 6 Giällewee L-9749 Fischbach (Clervaux) (Fëschbech (Cliärref))
          Kuck d'Nummer 97 90 57-1 Itinéraire Websäit Kontakt Eis Produkter Jobs

          Iwwer IBB Baugesellschaft

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Klimaanlag
          • Online-Accès

          IBB Bauunternehmen ass Äre generalen Entrepreneur fir Bauprojeten an de Beräicher Wunnengsbau,  Gebaier fir Industrie a Commerce, ëffentlech Gebaier souwéi Agrargebaier, vum Réibau bis zum schlësselfäerdege Bau.

          IBB Bauunternehmen steet fir schlësselfäerdeg Komplettléisunge mat Konzepten op Mooss.  Niewent sämtleche Bauaarbechten ënnerstëtzt eis Baufirma Iech an der Phas virum Projet, souwéi fir d‘detailléiert Planifikatioun.  Mir, als zentralen Uspriechspartner, iwwerhuelen déi ganz Betreiung a Koordinatioun vun der Baustell, ob Neibau, Renovéierung, Ëmbau oder Bauerweiderung. Bei IBB investéiere mir vill Zäit fir Är Iddien gutt ëmzesetzen. Dank eisem eegene Vermessungsbüro an engem techneschen Departement kënne mir kuerzfristeg, nei Erkenntnisser séier ëmplangen.

          Bei IBB ass de Bau vun Ärem Heem a gudden Hänn. Mir gestalten mat Iech zesummen de richtege Wee zu Ärem eegene Wunnengshaus, soll et en Eefamilljenhaus, e Méifamilljenhaus oder eng Residenzwunneng sinn. D’Planifikatioun vun Ärem Eegenhaus erfollegt mat vill Experienz a mat Léift zum Detail. Mir féieren all d’Aarbechte fir Äre Bauprojet mat héchster Prezisioun aus.

          IBB ass och Är Baufirma fir Büro- a Verwaltungsgebaier, Gemengegebaier a Gastronomiehaiser, Industrie- a Produktiounshallen, Schoulen, Sportsanlagen, Multifunktiounshallen, Autohaiser an Atelieren a.v.m. Dank kompetente Berodung, Planifikatioun a Betreiung realiséiere mir industriell an kommerziell Gebaier jee no individuellem Bedarf. 

          IBB baut Äre Bauerebetrib als ganzheetlecht Konzept mat Ställ, Wirtschaftsgebaier, Halen fir Fudder a Maschinnen, Fuersilo, Piffkaul. Landwirtschaftlech Bauen ass eise Beruff.  Mir riichten Ställ fir Mëllechvéi, Päerd, Schwäin, Gefligel an aner Zorte vun Déieren op. Och bei der Ëmnotzung vu landwirtschaftleche Gebaier bidde mir nei Perspektive un, fir al Gemaier vun Agrargebaier, déi eidel sinn. Schwätzt mat eis!

          Dir sicht nach eng aner passend Immobilie? Werft e Bléck op eis verfügbar Objeten, an entdeckt wäertvoll Informatiounen a fannt mat IBB dat Richtegt fir Ären Usproch. Bauen ass eng Saach vu Vertrauen. – Wielt Qualitéit "Made in Luxembourg". Informéiert Iech bei eis Mataarbechter.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen