
Den INFPC, zanter 30 Joer zentraalt Informatiounsorgan am Formatiounsberäich, begleet Iech mat Professionalismus, engem oppenen Ouer an Entgéintkomme bei Äre Formatiounsdemarchen.
Eis Missioune sinn haut drop ausgeriicht:
- den Zougrëff op Informatiounen am Beräich vum liewenslaange Léieren ze vereinfachen
- liewenslaangt Léieren an alle wirtschaftlechen a soziale Milieuen zu Lëtzebuerg ze fërderen
- d'Entreprisen, déi eng finanziell Bäihëllef vum Staat fir d'Formatioun ufroen, ze informéieren
- d'Dokumenter fir d'Analys vun de Formatiounspläng virzebereeden an d'Entreprisen, déi eng finanziell Bäihëllef vum Staat fir d'Formatioun ufroen, ze begleeden
- Etüden, déi dozou bäidroe sollen, de Bildungs- a Weiderbildungssystem ze verbesseren, duerchzeféieren an ze organiséieren