
Professionell Iwwersetzer an Dolmetscher fir all europäesch Sproochen
Iwwersetzungsbüro
Eisen Iwwersetzungsbüro JOSTEN LU AG schafft nëmme mat Profien, déi an hir Mammesprooch iwwersetzen. Eis Iwwersetzer si spezialiséiert an hunn eng grouss Fachkompetenz, ënner anerem an de Beräicher Economie a Finanzen, Recht, Tourismus, Bankwiesen, Politik oder aner Fachgebidder. All eis Iwwersetzungen, vun technesch bis juristesch, gi selbstverständlech ëmmer ganz vertraulech behandelt a kënne vun assermentéierten Expertë certifiéiert ginn.
Simultandolmetscher fir Är Konferenzen
Den Dolmetscherbüro JOSTEN LU AG ass Ären Uspriechpartner fir Simultandolmetscher a Konferenzdolmetscher. Mir verfügen iwwert e Pool vu professionellen Dolmetscher an allen europäesche Sproochen, dorënner Däitsch, Franséisch, Hollännesch, Englesch, Italienesch, Spuenesch, Polnesch (frot w.e.g. no der Sprooch, déi Dir braucht). Fir Konferenze stelle mir en Team vu professionellen a spezialiséierten Dolmetscherinnen an Dolmetscher zesummen.
Konferenztechnik
Ob Flüsterkoffer oder Iwwersetzerkabinn: Wann Dir wëllt, këmmere mir eis och ëm Är Konferenztechnik. ServiceMir hunn déi richteg Léisung fir Är Besoine wann et ëm Iwwersetzungen oder Dolmetsche geet: pénktlech, zouverlässeg a vun héijer Qualitéit. A wann et eng Kéier dréngend ass, liwwere mir och kuerzfristeg a schnell – Dir kënnt Iech ëmmer op eng pénktlech Liwwerung verloossen. Frot einfach e gratis Devis bei eis un!