
Du hues eng Fro? Mir lauschteren dir no an alles bleift ënner eis!
Du hues e Problem an der Schoul, doheem, mat denge Frënn, mat dengen Elteren oder denge Geschwëster… Du kanns eis uruffen. Mir lauschteren dir no, mir hëllefen dir eng Äntwert op deng Fro oder eng Léisung fir däi Problem ze fannen.
· Et ass anonym: du brauchs net ze soe wiens du bass oder wou’s de wunns!
· Et ass vertraulech: et gëtt kee gewuer wat’s du mat eis beschwätz.
· Et ass gratis: d‘Telefonsverbindung kascht näischt.