Chatberodung
Ronderëm dech ass ze vill lass, fir ongestéiert ze telefonéieren? Oder drécks du dech einfach léiwer aus andeems de schreifs? Dat wat’s de wëlls lassgi soll net just direkt eraus, mee et soll och zäitno „gehéiert“ a „beschwat“ ginn?
Da bass du bei der Chatberodung genau richteg!
D'Berodungsteam besteet aus Jugendlechen a jonken Erwuessene bis 25 Joer. Si hunn eng Ausbildung kritt a beroden zousätzlech am Hannergrond vun hiren eegenen Erfarungen. Si sinn am Live-Chat fir dech do an ënnerstëtzen dech an de verschiddensten Themen.
Och an der Chatberodung sinn eis Anonymitéit a Vertraulechkeet wichteg.
Fir däi Login brauchs de en Username an e Passwuert. Sécher béides gutt an tipp lass !
