Elterentelefon 8002 4444
Den Elterentelefon ass en telefonesche Gespréichs-, Berodungs-an Informatiounsservice, deen Elteren an aneren Interesséierten an den dacks schwierege Froe vun der Kannererzéiung séier, kompetent an anonym ënnerstëtzt.
E bitt Elteren, Grousselteren a jidderengem, dee mat Kanner oderJugendlechen ze dinn huet, Gespréicher a Berodung a Froen zur Erzéiung, Ënnerstëtzung an Ureegungen a belaaschtende Situatiounen.
Am Vierdergrond steet net d’Interventioun, mee d’Klärung, d’Orientéierung, d’Informatioun an d’Eegeverantwortung.
Den Elterentelefon baut fir d’Eltere Brécken am Kontakt mat hire Kanner oder zu aneren Hëllefsorganisatiounen.
Är Gespréichspartner um Elterentelefon si gutt ausgebilt, haaptamtlech a fräiwëlleg Mataarbechter. All Beroder kritt, begleedend zu senger Tätegkeet um Elterentelefon, reegelméisseg Supervisiounen a Formatiounen.
Selbstverständlech sinn, grad wéi och um Kanner-Jugendtelefon, all Gespréicher um Elterentelefon anonym, vertraulech a gratis.
All eis Beroder verpflichten sech zur Verschwiegenheet.
