Logo editus.lu
          • A menger Géigend
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Messerich Vincent (Menuiserie)

          Schräinereien 29 Op der Héi - Z.A.E.R. - L-9809 Hosingen (Housen)
          Kuck d'Nummer 26 91 12-1 Itinéraire Websäit

          Holzfënsteren

          Holzfënsteren


          Natur puer - Holzfënsteren 

          Holzfënstere vermëttele Wäermt, Gemittlechkeet a Wuelbefannen. Se loossen de Wunnraum ootmen a si richteg Energiespuer-Weltmeeschter. Mir hunn eis mam Olivier a mam Steve Messerich, den Direktere vun der Schräinerei Vincent Messerich zu Housen, iwwer den erëm méi heefegen Asaz vun Holzfënsteren an Neibauten a bei Renovatiounen ënnerhalen. 


          Firwat ginn elo erëm méi Holzfënsteren agesat? 

          OM: Holz gëtt schonn zënter Joerhonnerten an der Fënster- an Dierenhierstellung verwent. Ëmmer méi Mënschen denken och un den ekologeschen Aspekt. Holz ass en erneierbare Rostoff an d'Ofholzung gëtt streng kontrolléiert. D'Hierstellung vun hëlze Fënsteren ass vill méi ëmweltschounend wéi bei anere Baustoffer. D'Holzfënstere passen optimal an d'ekologescht Gesamtkonzept vun Holzhaiser a leemverbotzte Wänn. Am grousse Ganze mierkt een am Bauwiesen, datt d'Leit sech ëmmer méi fir Natur-Baustoffer entscheeden. 


          Firwat entscheet ee sech fir Holzfënsteren? 

          SM: Holzfënsteren eegne sech prinzipiell fir all Baustil. Déi heefegst Grënn fir Holz sinn awer déi follgend:


          • Et handelt sech ëm en nohaltege Rostoff, dee sech vum selwe regeneréiert an esou ekologesch an ekonomesch Aspekter optimal vereent.
          • Holz ass Natur puer. Holz ass e liewegt Romaterial a verbënnt Wuelbefannen a Schutz. Holz ass e Baustoff, deen d'Mënschen zënter ville Joerhonnerten usprécht.
          • Holz bitt optimal Isolatiounswäerter.
          • Beim Holz huet een onbegrenzt Gestaltungsméiglechkeeten.
          • Wann een no Qualitéit kuckt an op e gutt Präis-Leeschtungsverhältnis Wäert leet, ass Holz déi richteg Léisung.



          Aus wéi engem Holz ginn d'Fënstere bei Messerich hiergestallt? 

          OM: Och do ass d'Auswiel grouss. Dat an eiser Regioun am heefegste benotzt Holz ass d'Eech, well se aus eise Bëscher kënnt a perfekt un eis Wiederkonditiounen ugepasst ass. Eechenholz ass besonnesch eedel an haart, wat dem Fënsterprofil déi néideg Stabilitéit gëtt. Hell a mëll Hëlzer wéi Meläs, Kifer a Fiicht gi gär a Kombinatioun mat Aluminium benotzt. Esou huet een den hellen Holztoun am Banneraum a baussen déi stabil Aluminiumsrumm. 


          Mussen Holzfënsteren dann ëmmer no Holz ausgesinn? 

          OM: Nee, op guer kee Fall! Bei der Holzfënster ass alles méiglech. Et kann een op der Baussesäit mat enger flächendeckender Faarf schaffen, déi jee no Goût och pink, blo oder gréng ausfale kann. Gläichzäiteg kann een am Banneberäich z. B. mat engem Kloerlack schaffen, fir d'Holzmaserungen ze behalen an de gemittlechen Holzcharakter ervirzehiewen. All d'Fënster-Lasuren (Endbehandlung) ginn op Waasserbasis hiergestallt. Wat d'Formgestaltung ugeet, léisst sech vun der klenger Nischefënster bis bei eng riseg Fënsterfront aus Holz an Holz-Alu alles maachen. Holz ass immens stabil. 


          Wou produzéiert Messerich seng Fënsteren? 

          SM: Bei Messerich ass alles "Made in Luxembourg". All d'Messerich-Fënstere ginn an den eegene Produktiounshalen zu House produzéiert. Eis erfuere Schräiner schaffe mat de modernste Maschinnen un der Hierstellung vun héichwäertegen Holzfënsteren. Am Verglach zu anere Rostoffer verbrauch d'Veraarbechtung, d'Hierstellung an d'Entsuergung vun Holzfënstere vill manner Energie. De Produktiounsopwand ass bei Holzfënstere méi héich. Esou schaaft d'Holzfënsterproduktioun méi Aarbechtsplazen. Bei Messerich stelle mir net nëmme reng Holzfënstere fir de Privatsecteur an den Denkmalschutz hier, mee produzéieren och fir den Objetsberäich Holz- an Holz-Alu-Fënsteren. 


          Wéi sécher sinn Holzfënsteren? 

          SM: D'Holzfënster huet schonn eng gewësse Grondfestegkeet. Holz gëtt net séier no an ass dohier och vill méi schwéier opzebrieche wéi PVC oder Aluminium. D'Sécherheet vun enger Fënster hänkt natierlech ëmmer vun de verschiddene Leeschtungsmerkmaler of. Eis Holzfënstere si standardméisseg mat Sécherheetsbeschléi vun der Widderstandsklass (Resistance Class) RC1 ausgestatt. Op Wonsch rüste mir se och op RC2 ëm. Zousätzleche Schutz bitt och dat erfuerderlecht Sécherheetsglas. 


          Wéi dacks muss eng Holzfënster ugestrach ginn? 

          OM: Net esou oft wéi vill Leit warscheinlech mengen. Op all deckendem Finish gi mir eng Garantie vun 10 Joer. Bei Lasure sollt ee Follgendes beuechten: Wat d'Lasur méi hell ass, wat se méi dacks nei ugestrach muss ginn. Ganz fleegeliicht si mëttel Holztéin. Dës mussen eréischt no ongeféier 5 Joer nobehandelt ginn. Ganz hell oder donkel Holztéin sinn an eiser Regioun nëmme bedéngt unzeroden. Banne mussen d'Fënsteren ni nei ugestrach ginn. Genee wéi bei der Politur vum Auto ass et méiglech, d'Fënster all Joer am Fréijoer an am Hierscht mat engem Fleegemëttel ze behandelen, dat zousätzleche Schutz bitt. Et sollt ee sech op alle Fall richteg a professionell berode loossen. 


          Méi Informatiounen iwwer de Betrib, kritt Dir op www.messerich.com. Déi aktuell gratis Produktkataloger kënnen och bequeem iwwer Telefon ënner der Nummer +352 26 91 12 1 oder per E-Mail op info@messerich.com bestallt ginn.



          Holzfënsteren

          Aner Suggestiounen