
Mir begréissen iech an engem warmhäzege a raffinéierte kader :
Eleng oder als Koppel, profitéiert vun eise confortabele Privatzëmmeren. D'Zëmmeren, d'Suiten an d'Wunnenge ginn Iech d'Gefill wéi bei Iech doheem ze sinn.
An der ganzer Reseidenz fannt Dir verschidde gemittlech Salonen, déi Ärem Goût an Ären Aktivitéiten ugepasst sinn (Zesummesinn, Gesellschaftsspiller, Televisioun).
Den Empfang ass dagsiwwer 7 Deeg op 7 fir Iech do.
Mir suergen fir iech an är gesondhéet :
Mir empfänken Persounen, déi autonom sinn, hallef autonom liewe kënnen, awer och Persounen, déi Fleeg brauchen an / oder desorientéiert sinn.
Eng op Alzheimer spezializéiert Unitéit
Mir besëtze 35 Better di just fir désorientéiert Persounen sinn.
Dës si vu qualifiziertem Personal encadréiert, dat hinnen am Alldag hëlleft an se engem agreable Kader ënnersëtzt. Et gëtt alles gemaach fir datt Är Eltere, Äre Familljemember sech wuel a sécher fillt.
Eng villsäiteg a kompetent Equipe këmmert sech no Ärem Rhytmus ëm Är Besoinen fir Iech all präventiv oder medezinesch Soinen an all Komfort ze garantéieren, déi Dir braucht.
Eng Rei Dokteren an eng Aptikt suergen an eisem Haus fir déi néideg medezinesch Verfleegung.
Mir erhaalen an bereischeren ärt sozialt lierwen :
Eis dynamesch Animatioun's Equipe bidd Iech eng Rei vun interessanten Aktivitéiten un, un deenen dir fräiwëlleg deelhuelen kënnt.
Plaiséier vun der gastronomie zu ärer éier :
A klengen a gemittlechen Iesssäll proposéiere mir Iech eng equilibréiert an kreativ Kichen, preparéiert vun eisem Kichechef an senger Equipe.
Zousätzlech Déngschtleestungen
Mir bidden Iech eng Rei un zousätzlechen Dengschtleeschtungen :
- Zemmerservice, markéieren, wäschen a sträcken vun Äre privaten Kleeder esou wéi verschidden Bitzaarbeschten.
- Locatioun vun engem safe oder engem Frigidaire.
- Locatioun vun enger Parkplaz.
- Wellness, coiffeur, Esthéticienne, Pédicure.
- Visite, Virstellungen, Ausflich...
Eis Léisungen :
- 138 Kummeren, Suiten an Appartementer d.h. 35 einfach Kummeren an der protegéierter Sektioun
- Personaliséiert medezinesch Betreiung - Kiné
- Gourmetkichen, 4 adaptéiert Restauranten
- Cafeteria
- Kulturell Aktivitéiten
- Salon, Bibliothéik, Rezeptioun
- Manikür, Esthetik, Balneotherapie, Pedikür, Coiffeursalon
- 1 Parking baussen
- 1 interne Parking