Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Les Thermes

          Wellness Rue des Thermes L-8018 Strassen (Stroossen)
          Kuck d'Nummer 27 03 00 27 Itinéraire Websäit Kontakt Schéinheetssalon Anniversaires Vitaly-Fit

          Iwwer Les Thermes

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Terrass
          • Raum fir Kanner

          Plongez dans le plaisir ...


          D'Ëffnungszäite vun der Sauna ënnerscheeden sech vun deene vum Erliefnisbad: 


          • Méindes, Mëttwochs, Donneschdes a Freides vun 10:00 bis 22:00 Auer,
          • Dënschdes vun 10:00 bis 14:00 Auer (Sauna reservéiert fir Damen) a vu 14:00 bis 22:00 Auer (mixed),
          • Samschdes, Sonndes an u Feierdeeg vun 9:00 bis 21:00 Auer.


          Ob dir alleng, mat Frënn, oder mat der ganzer Famill bei eis kommt - taucht an an de Pleséier a loosst iech vun eisem Choix verzauberen.


          Les Thermes steet fir e Liewensgefill. Spillen, a sech amuséieren oder entspanen an d'Rou genéissen op enger ausgefalener Plaz mat enger familiärer a frëndlecher Atmosphär.


          Sech bei Vitaly-Fit gesond bewegen oder en Zwëschestop bei Escale Beauté aleeën - wou, wann net bei eis kënnt dir alles ënner engem Daach fannen ouni an d'Vakanz ze fueren?


          Den interkommunale Syndicat C.N.I. Les Thermes gouf am Joer 2002 gegrënnt. 2004 huet de Projet vun der Architektengemeinschaft Atelier Jim Clemes, Witry & Witry an Hermann & Valentiny et associés de Concours fir de Bau vum Erliewwnis a Wellnesszentrum gewonnen.

          Mam éischte Spuetstëch, September 2005, huet de Bau vun dësem éiergäizege Projet ugefaangen. De Grondsteen gouf am Juni 2006 geluegt an d’Ouverture vun dëser Anlag, mat iwwer 1000m2 Waasserfläch, huet am Februar 2009 statt fonnt.

          Eis Artikelen