Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Lëtzebuerger Kannerduerf Asbl

          Fachverbänn an Berufsverbänn 10 Rue Hermann Gmeiner L-7534 Mersch (Miersch)
          Kuck d'Nummer 32 90 03-1 Itinéraire Websäit Kontakt Faire un don

          Iwwer Lëtzebuerger Kannerduerf Asbl

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Online-Accès

          F O N D A T I O N   L Ë T Z E B U E R G E R   K A N N E R D U E R F

          D’Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf (SOS Kannerduerf Lëtzebuerg) ass eng privat, politesch a konfessionell neutral Organisatioun déi mam Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse eng Konventioun huet. 


          S O S   K a n n e r d u e r f   F a m i l l j e n 
          Traumatesch Verletzungen kënnen nëmmen dann heelen wann d'Kand am Kader vu sengem Placement dauerhaft a verlässlech Bezéiungen kann agoen. Dofir steet an de Kannerduerf-Familljen am SOS Kannerduerf zu Miersch eng individuell Betreiung an engem schützenden, familiäre Kader un éischter Plaz. Dat selwecht ass och an eisen externen Kannerduerf-Familljen de Fall, déi kuerzfristeg, a fir eng begrenzten Zäit, kléng Kanner aus enger Noutsituatioun ophuelen.


          W u n n g r u p p e   f i r   K a n n e r   a  J u g e n d l e ch
          Mir engagéieren eis laangfristeg, fir de Kanner a Jugendlech déi eis uvertraut ginn, a wichtege Beräicher   vun   hirer   Entwécklung, sief dat gesondheetlech, schoulesch, oder perséinlech, dat mat op de Wee ze ginn wat si fir e selbststännegt, zefriddent a sozial gutt intégréiert Liewe brauchen. 


          W u n n e n g s h ë l l e f 
          Mir begleeden di jonk Leit  an hirem Iwwergang an d’Selbststännegkeet andeems mir hinnen d’Méiglechkeet  bidden  alleng oder am klenge Grupp  an  enger  Wunneng  ze liewen. Bei dësem Projet spillt déi individuell Ënnerstëtzung an der Gestioun vum  Alldag a bei der Realisatioun vun engem beruffleche Projet eng zentral Roll.


          A n t e n n e   F a m i l i a l e
          D’Antenne Familiale ass ënnerdeelt a verschidde Servicer : De Fleegefamiljendéngscht begleet Fleegefamillen a "familles proches". De Familljestäerkungsdëngscht an de psychologeschen Berodungsdéngscht bidden Kanner a Familljen a schwierege Situatiounen eng soziopädagogesch an/oder eng therapeutesch ausgeriichten Ënnerstëtzung.


          B e r u f f s -  a  l i e w e n s v i r b e r e e d e n d   A u s b i l d u n g
          Dëse Projet ass fir Jugendlech geduecht fir déi weder an der Schoul nach um Aarbechtsmaart eng direkt  Perspektiv  besteet.  Hei  ginn nieft  praktesche   Kompetenzen  am Beräich vum Handwierk a vun der Hauswirtschaft virun allem och sozial Kompetenze vermëttelt. D’Ziel ass, op deem   Wee   den  Iwwergang an d’aktivt Liewen ze erméiglechen.

           
          D é i e r e g e s t ü t z t e n   I n t e r v e n t i o u n
          Déieregestützte Pädagogik notzt di heelend Wierkung vun der Bezéiung tëscht Mënsch an Déier. D’Kand léiert iwwert de Kontakt mam Déier sech selwer, an doduerch och seng Ëmwelt besser ze verstoen. Schonn alleng de kierperleche Kontakt zum Déier suergt fir Glécksgefiller, déi d‘Bindungsfäegkeet förderen. Esou hëllefen Déieren de Kanner hir kognitiv, kierperlech a sozial Fäegkeeten ze verbesseren, an hir séilesch Verletzungen ze iwwerwannen.

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen