
1988 ass d’ASBL Luxembourg Air Rescue A.s.b.l. (LAR) an d’Liewe geruff ginn an zielt haut 180.000 Memberen. D’Flott vun der Organisatioun mat hirer Duechtergesellschaft Luxembourg Air Ambulance S.A. (LAA) besteet aus 4 MD902 an 2 H145 D3 Airbus-Helikopteren , 3 héichmodern medezinesch Learjet 45XR-Fligeren an enger Challenger 605. Mat hiren 190 Mataarbechter ass et d’Zil vun der LAR, Mënscheliewen ze retten an d’Gesondheet vu Mënschen, déi an Nout sinn, ze erhalen, 24/7 an 365 Deeg/Joer, souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun an op der ganzer Welt. Dëst geet nëmmen duerch d’Ëmsetzung vun den héchste Sécherheets- a Qualitéitsstandarden aus der Medezin, Technik an der Aviatioun.