De Veräin Mäi Wëllen, Mäi Wee - e Veräin fir d'Recht op e würdevollt Stierwen zu Lëtzebuerg, ursprénglech bekannt als ADMD-L, gouf vum Dr. Henri Clees zu Esch-Sur-Alzette am Joer 1988 gegrënnt. De Veräin huet gréisstendeels eng humanitär Ausrichtung, ass politesch an religies onofhängeg an setzt sech fir e würdevollt Liewensenn an.
MWMW begleet all Patient a senger fräier Wiel an betruecht Palliativpflege an Euthanasie als mateneen verbonnen.
Am Kader vun de Bedingunge vum Gesetz zur Euthanasie a assistéierte Fräidoud, bitt MWMW de Leit un, déi sech an enger rasch dégradeierender an irreversibeler Gesondheetszoustand befannen:
- Informatiounen a privat Berodungen
- Begleedung an Ënnerstëtzung fir de Patient an senger Famill während der ganzer Prozedur
- eng Uspriechquell fir d'Famill nom Doud vum Patient
MWMW betount déi wichteg a vertrauensvoll Beziehung tëschent dem Dokter, den Pflegepersonal a hirem Patient a stinn aus dësem Grond zur Dispositioun.
MWMW bitt och informativ Konferenzen fir déi breet Ëffentlechkeet un.