
An der Schräinerei Vincent Messerich verschaffe mir zënter iwwer 100 Joer Hëlzer aaller Zorten. Eist Markenzeechen ass d’Produktioun vu Fënsteren an Dieren. Donieft stelle mir Miwwelen, Kichen, Parkett, Wantergäert souwéi Garagen- a Gaardepierten aus Holz hier. Eng weider Haaptaktivitéit ass den no Mooss ugepassten Innenausbau.
Et ginn eng Rëtsch Grënn, fir sech fir eis ze entscheeden – Qualitéit an Handaarbecht sinn der nëmmen e puer dovun. An der Schräinerei Vincent Messerich verbannen mir traditionellt Handwierk mat modernster Technologie, fir individuell an héichwäerteg Miwwelstécker souwéi Bannenzeg- an Baussebauen ze schafen.