
Ugefaang 2022 als ASBL, hu mer eis den 29.2.2024 decidéiert eng Sàrl-S ze grënne fir Äerem Besoin nach besser gerecht ze ginn. Gäere kënnt der Äerch eis Storyline op eisem Site ukucken oder eis einfach uschwätze wa mer eis anzwouch begéinen.
Mäer bidden Produiten "Made in Luxembourg" un a verspriechen eise Clienten och ëmmer déi héchstméigech Qualitéit kënnen ze bidden.
Fir jiddereen ass eppes derbäi. Sief et fir doheem, fir Privatpartyen awer och am B2B-Beräich a fir méi grouss Evenementer hu mer ëmmer eng Léisung.
An dem Sënn PROST.