Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

          Öffentlech Institutiounen 33 Rives de Clausen L-2165 Luxembourg (Lëtzebuerg)
          Kuck d'Nummer 24 78 51 00 Itinéraire Websäit

          Iwwer Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

          De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.

          Onofhängeg dovun, ob et sech ëm déi formal oder net-formal Bildung handelt – eng sozial gerecht an héichwäerteg Erzéiung a Betreiung sinn onëmgänglech, wann een all Kand, all Jugendlechem an all Erwuessenem déiselwecht Zukunftschancë wëll bidden.

          De Bildungssystem muss stänneg un d'Entwécklung vun der Gesellschaft an d'Besoine vun enger Bevëlkerung ugepasst ginn, déi ëmmer méi heterogen gëtt. Dëst ass e wichtege Bestanddeel vun der Bildungspolitik vum Ministère. Fir datt och all déi Jonk Zougang zu deene neie Léierstrategien an de pedagogesche digitale Projeten kréien, huet de Ministère den Optrag déi national Strategie "e-learning" an de liewenslänglechen Accès zu digitale Ressourcen weider ze entwéckelen an ze implementéieren. 

          De 4. Dezember 2013 huet de Claude Meisch säin éischt Mandat als Minister fir Bildung, Kanner a Jugend entaméiert. No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien de 5. Dezember 2018 zum Minister fir Bildung, Kanner a Jugend ernannt.

          Zu den Haaptaufgabe vum Ministère gehéieren:

          • d'Legislatioun, déi allgemeng Bildungspolitik (ausser der Héichschoulbildung) an d'Formation continue/dat liewenslaangt Léieren: Opstellung vun den nationale Programmer, Inhalt an Organisatioun vun de Bildungsmoossnamen, Ausstelle vun den nationalen Diplomer, Rekrutéierung a Gestioun vum Schoulpersonal …
          • d'Legislatioun an déi allgemeng Kannerpolitik: Betreiungsstrukturen, Chèque-service accueil (CSA), sozial Hëllef fir Kanner, Adoptioun, Rechter vum Kand …
          • d'Legislatioun an déi allgemeng Jugendpolitik: Déngschtleeschtunge fir Jugendlecher, Jugendpartizipatioun, Ausbildung vun Animateuren …
          • d'Kontroll an d'Evaluéierung vun de bildungspolitesche Moossnamen, fir d'Kohärenz vum Bildungssystem ze garantéieren,
          • d'musikalesch Erzéiung: Entwécklung vun der Offer a pedagogesch Koordinatioun vun der musikalescher Erzéiung an de Schoulen, de Servicer fir Erzéiung an den Accueil souwéi de Museksschoulen,
          • d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch: Koordinatioun vun der Ëmsetzung vum Aktiounsplang fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

          D'Aufgaben an d'Zoustännegkeete vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend sinn am Arrêté grand-ducal vum 5. Dezember 2018 iwwer d’Bildung vun de Ministèrë festgeluecht.