Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          MULLER-LEMMER

          Local Produkt 1 Rue de Moutfort L-5310 Contern (Conter)
          Kuck d'Nummer 35 02 36 Itinéraire Websäit Muller-Lemmer

          Iwwer MULLER-LEMMER

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking

          Zanter 6 Generatioune Leidenschaft fir Produktioun vun héichwäertegen Liewensmëttel.

          D’Striewe vun beschtméiglecher Perfektioun & déi stänneg Weiderentwécklung vu Produktiounsofleef sinn absolut Prioritéit fir Muller-Lemmer. Nëmmen esou kenne mer Premiumwuer produzéieren, déi den héchsten Qualitéitsuspréch entsprécht.


          Distillerie Muller-Lemmer

          Héichwäerteg Drëppen a Liqueuren, lokal produzéiert

          Den aussergewéinleche Goût vun eisen Drëppen a Liqueure, souwéi eisen Twin Gin an «Éim Néckels» Whisky entstinn duerch di perfekt Harmonie vu qualitativ héichwäertegen Zoutaten.

          Mir empfänken eis Clients och gär an eiser Schmaachstuff, fir eis Drëppen a Liqueuren ze degustéieren. Eis Schmaachstuff kann och fir privat Feieren oder Firmenevents an Tagunge reservéiert gin.


          Haff Muller-Lemmer

          Frësch Uebst a Geméis

          Seit e puer Joer baue mer am Emkrees geleenen Felder Uebst a Geméis un. Mat vill Léift produzéiere mir gesond an vitaminräicht Uebst a Geméis, dat frësch vum Feld ouni Emwee op Ären Dësch kennt.


          Buttek um Haff Muller-Lemmer

          Am Butték bidd Muller-Lemmer ënnert aanerem all Zorten vun Uebst a Geméis, Drëppen a Likören aus eejener Produktioun.


          Uebst vun Muller-Lemmer:

          • Äerdbieren
          • Kiischten
          • Rèngglotten
          • Mirabellen
          • Quetschen
          • Äppel
          • Biren
          • Quidden


          Geméis vun Muller-Lemmer:

          • Spargel
          • Rubarb
          • Zalot - Laitue
          • Zalot - Batavia
          • Zalot - Rotes Eichenblatt
          • Kolrawi
          • Kabes - wäiss
          • Kabes - roud
          • Wirsing
          • Brokkoli
          • Choufleur
          • Muerten
          • Pastinake
          • giel Ënnen
          • roud Ënnen
          • Schalotten
          • Knuewelèk
          • Sellerie
          • Gromperen Allians
          • Gromperen Anabelle
          • Gromperen Mona Lisa



          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen