
MNM Kontakt per Mail, per Telefon : +352 56 56 88 an op eise soziale Medien fir Froen betreffend Reservatiounen an visites guidéen ze stellen.
Firwat gëtt et en Musée des Mines ?
Am Ufank vum zwanzegsten Joerhonnert war Lëtzebuerg een vun den Haaptproduzenten vu Stol an Europa. Zu Rëmeleng, am Häerz vum Minett, erënnert den Musée National des Mines un’d Industrie, déi d’Geschicht, d’Gesellschaft an d’Natur vum Land verännert huet.
En impressionnante Site
D'Expositioun vum Musée National des Mines befënnt sech an der aler Minn Walert. Verdeelt op puer Kilometer Stollen gëtt erméiglecht d’Aarbechtsbedingungen ënner Daach ze erliewen. D’Anlag vun baussen ëmfaasst en Ausstellungsgebai, en Restaurant an eng Spillplaz.
D’Visitt an der Minn
Eng ënnerierdesch visite guidée formt sech aus Gruppen, déi vun engem Guide begleet ginn an mam Zuch an’d Minn gefouert gi, wou dann d’Visitt zu Fouss mat Erklärungen an Anekdoten iwwert méi wéi 100 Joer Eisenäerzofbau a Lëtzebuerg an an der Groussregioun.
Konditioun fir’d Visiteuren
D’Temperatur a der Minn ass +- 10°C an’d relativ Fiichtegkeet läit bei 60%.
Doweinsder ass et wichteg dass d’Visiteuren waarm Kleeder an fest Schong matbréngen.
D’Wanderungen iwwer Daach
Déi fréier Tagebau’en an der Géigend vum Musée sinn ideal Plazen fir wanderen an entdecken ze goen. D’Natur ass dobäi déi Flächen sech zeréckzehuelen an schaaft dobäi eenzegaarteg Landschaften a Vegetatiounszonen. Visites guidées mat Spezialisten vum Naturschutzzentrum Ellergronn kënnen beim MNM gebucht gin.
Spezialvisitten an Evenementer
Iwwert dat ganzt Joer verdeelt offréiert den MNM och eng grouss Palett un Spezialvisitten ënner an iwwer Daach.
Öffnungszeiten :
Fir Gruppevisitten op Reservatioun ass den MNM iwwert dat ganzt Joer op. (Reservatioun min. 48h am Viraus)
Reservatiounsformulaire site (Infoen, Präis an Reservatiounen)
Fiert visites guidées Mine&Train ass den MNM op :
Abrëll, Mee, Juni an September
Donneschdes bis Sonndes 14 Auer – 18 Auer
3 Visitten 14h30 / 15h30 / 16h30
Juli – August
Dënschdes bis Sonndes 14 Auer – 18 Auer
3 Visitten 14h30 / 15h30 / 16h30
Oktober – Mäerz
All 2. an 3. Sonnden am Mount fir eng Visite guidée um 14h30
Den Musée ass zou all Méinden, den 1. November, 4. Dezember an vum 24. Dezember bis den 1. Januar