
De Nuets Päiperléck ass op palliativ Betreiung spézialiséiert a begleed Iech Dag an Nuets a ganz Lëtzebuerg.
Di qualifizéiert Ekipp vum Nuets Päiperléck offréiert eng ganzzäitlëch Betreiung, déi vun der Hëllef am Alldag iwwer Krankefleeg bis zur Stierfbegleedung reecht. Eis Philosophie ass, eng vertrauensvoll Bezéiung opzebauen em d’Selbststännegkeet vum Client ze fërderen an dofir ze suergen, dat säin Alldag so agreabel wéi méiglech gestaltet gëtt.
D’Presenz vun Nours, eisem Thérapiehond, beräichert d’Offer u Behandlungen an therapeutesch Methoden (Hypnose, Foussreflexzonenmassage, Sophrologie) déi vum Nuets Päiperléck ugebidde ginn.
Eist Ziel ass zu Ärer Liewensqualitéit bäizedroen andeems mir Är Bedierfnesser, Suergen souwéi Erwaardungen an de Mëttelpunkt vun eisen deeglechen Aktiounen stellen.