
Mir hëllefen Iech wann Dir Problemer oder Froen a Relatioun mat der Sozialversécherung hutt, betreffend
• eng Entscheedung vun der nationaler Gesondheetskeess;
• eng Aarbechtsonfähegkeet fir Är lescht Beschäftegung (Reklassement);
• eng Demande fir d'Pensioun;
• en Aarbechts- oder Weeonfall;
• Är Rechter a Flichten als schwanger Salariée;
• de Congé parental;
• d'Familljeleeschtungen am Allgemengen;
• d'Chômageindemnitéit an den Ëmgang mat der ADEM;
• d'Zouerkennung vum Statut als behënnerte Salarié;
• d'Akommes vu Schwéierbehënnerten;
• d'gesetzlecht Mindestakommes;
• d'Fleegeversécherung
bei Insolvenz vum Patron
bei individuelle Litige mam Patron, betreffend
• Ären Aarbechtsvertrag;
• Äre Loun;
• d'Aarbechtszäiten;
• eng Kënnegung;
• oder aner Problemer am Zesummenhang mat Ärer Aarbecht oder Pensioun...