
Mat méi ewéi 75.000 Memberen ass den OGBL bei wäitem déi gréisst Gewerkschaft zu Lëtzebuerg. Mat sengen 3.600 effektiven an Ersatz-Personaldelegéiert, ass den OGBL fiederféierend an de verschiddensten Aktivitéitsberäicher. Ausserdeem, zesumme mam Landesverband, hält den OGBL mat 37 vu 60 Sëtz, d'absolut Majoritéit an der Plenière vun der Salariatschamber (CSL).
D'Nora Back ass esou wuel Präsidentin vum OGBL wéi och vun der CSL.
D'Zil vum OGBL ass d'Verdeedegung vun den Errongenschaften, de berufflechen, sozialen an ekonomesche Rechter vu senge Memberen a vun de Schaffenden allgemeng, ob aktiv oder pensionéiert. Den OGBL ass eng beruffs- a brancheniwwergräifend Gewerkschaft, déi an alle Secteure vun der Lëtzebuerger Ekonomie vertrueden ass. Och Leit, déi eng Aarbecht sichen, Léierjongen a -meedercher a Studente sinn am OGBL vertrueden. Well en ausschliisslech vun de Cotisatioune vu senge Membere finanzéiert gëtt, ass den OGBL a finanzieller a politescher Hisiicht onofhängeg a vum reliéise Standpunkt aus eng neutral Gewerkschaft. D'Féierungspositiounen am OGBL sinn net kompatibel mam Ausübe vun engem politesche Mandat.
Den OGBL ass d'Resultat vun enger Rei vu Zesummeschléissen am lëtzebuergesche Gewerkschaftsuniversum.