
Äeren éischte Choix wann et gudd gi soll!
Zënter bal 20 Joer bidde mir eise zufriddene Client'en vill méi wéi nëmmen éischtklasseg Molaarbecht. Profitéiert am Kader vun enger individueller Berodung vun der Erfahrung vun eise qualifizéierte a frëndleche Matarbechter an loost Iech eise grousse Choix vun Teppech, Tapéit, Buedembelag, Spanplaffong a Wandverkleedung weisen.
Och op dem Gebiet vu Luuchte a Beliichtung offréiere mir modern Léisungen aus enger Hand. Am Repertoire hu mir esou renomméiert Marke wéi Nobile, Osram, Swarovski, Gira a Merten.
Gespaant Plafongen bidde mir a Spëtzequalitéit aus europäischer Produktioun vu CLIPSO (www.clipso.com). Bis 5,10 m an der Breet an onbegrenzt laang kënne mir all Wand oder Plafong iwwerspanen. Dat ass séier gemaach, ganz ouni Kaméidi a Knascht. Spanplafongen sinn ästhetesch, immens praktesch a bidde ganz vill Méiglichkeeten fir Äer individuell Gestaltungsiddien: beispillsweis als Printplafong oder -wand mat engem Bild dat Dir ganz perséinlech auswielt. Loost Iech inspiréieren op www.clipsodesign.fr. Kombinéiert mat moderne Luuchten a gudd geplangter Beliichtung kënne Spanplafongen a -wänn en echten Highlight an Äerem Intérieur ginn.